E puer Wuert zu der Website:
Dësen Site soll an den nächsten Joeren lues a lues opgebaut ginn mat Photoen, Filmer, Presseartikelen an aneren Dokumenter vun den jeweilegen Joeren vun der Arméi.
E soll eng Plattform sinn fir Infoen virun ze ginn, Aktivitéi’ten ze signale’eren, den Kontakt mat eneen ze halen an…..heiandsdo an der schéiner aaler Zaït ze verweilen.
E soll op keen Fall eng Konkurrenz sinn zu all deenen Siten déi schons bestinn. An och zu all deenen FACEBOOK Gruppen déi sech am Laf vun den Joeren opgestallt hunn.
Leit, déi Sachen hunn, op Photoen, Dokumenter, Equipementer asw….. kënnen sech mam Musée National d’Histoire Militaire (MNHM) zu DIKRICH an Verbindung setzen fir en Rv fir dass hier Sachen kënnen entweder do archive’ert ginn oder gescannt ginn asw….
Wann Dir mir Sachen schëckt z.B per FACEBOOK wier et gut en Maximum vun Informatiounen zu den Photoen, Dokumenter ze kreien fir Archiven sou komplett wéi meiglech opzestellen.
Wéini war et (Joer, Mount, Dag),
Wou, Wat (z.b AMF NORWEGEN), Nimm vun den Leit asw….
Sou gut et geet an een dat nach vielleicht wees.
Am MNHM as et esou, dass déi wat d‘Arméi betrëfft no dem KOREAKRICH elo BITBURG esou lues opgeschafft hunn mat dem Retour op DIKRECH 1955 an den Joeren duerno. Bis 1967 / 1968 den Iwergang vun der obligatorescher op déi fräiwëlleg Arméi sinn nach e puer Joeren opzeschaffen.
Meng Idee as et mat Sachen déi ech vun Iech geschëckt kréien, schons unzefänken déi‘ ze archive’eren fir se zu engem speideren Zaitpunkt dem MNHM zur Verfügung ze stellen.
Ech wëll awer och profite’eren vun der Geleenheet hei och MERCI ze soen all deenen Associatiounen, Organisatiounen déi sech mat der Arméi befassen an irgent enger Form an den Fändel heich halen.
Mat bëischten Gréiss an MERCI am viraus
Patrick FRANTZ
Adjudant – Major Honoraire
Lëtzebuerger Arméi vun 1975 bis 2015
Sessioun Volontaires 31 (21.07.1975)
Eiërenpräsident vum SPAL an vum SPFP
Gsm: 691 860 928
E-Mail: frantzp@pt.lu
Facebook: Frënn vun der Lëtzebuerger Arméi